Wéi ech vu mengem Fraendokter, dem Dr. Borhoven, proposéiert krut, an Hypnobirthing-Coursen ze goen, hunn ech et ufanks fir mech ofgeleent mam Argument, datt dat dach souwisou alles alternativt Hocus-Pocus Geschir ass. Am weidere Verlaf vu menger Schwangerschaft hunn ech mir déi Propose erëm duerch de Kapp goe gelooss a mech informéiert, wat dat iwwerhaapt ass. Wou ech mech dunn agelies a Video vu sou Gebuerten gekuckt hunn, stoung fir mech fest: sou well ech et och erliewen. Ech war berouegt ze gesinn, datt eng Gebuert anescht, relax a souguer schéi ka sinn, wat jo oft am Géigesaz zu diversen Emissiounen op der Telé an zu Aussoen vu Mammen steet, déi engem vu richtegen `Horrorszenarien´ erzielen.

Ech hunn dunn d`Coursen beim Cindy besicht an et war interessant, d´Philosophie an Hannergrënn vum Hypnobirthing gewuer ze ginn. De gréisste Gewënn fir mech war, datt ech, wat d´Gebuert méi no komm ass, positiv agestallt a relax bliwwe sinn, och wann ech d`CD´en net, wéi empfuelen, all Dag gelauschtert hunn ;-).
Meng Gebuert huet vun der éischter ´Well´ um 23 Auer bis zum eigentlechen Entbannen um 19 Auer insgesamt 21 Stonnen gedauert. Dat maach laang sinn, mee ech war duerno allerdéngs erstaunlech fit.
D´Wellen hunn ech gutt ausgehaal an ech muss soen, datt ech eigentlech zu kengem Moment un e Punkt gelaangt sinn, wou ech d´Gefill hat, datt ech net méi kann an dat ech gären eng PDA hätt. Et war eng Art Wéi do, deen awer Dank den Hypnobirthtechniken gutt ze geréiere war. De Gedanken, dee mir immens gehollef huet, war, dat ech mir virun Aen gefouert hunn, datt mäi Kierper an de Bébé genau wëssen, wat ze maachen ass!

Den Hypnobirthing hat net nëmmen op mech positiv Auswierkungen, mee och op meng Maischen. Dat Klengt war vun Ufank un ganz roueg an ausgeglach, et huet gutt geschlof a gedronk.
Zesummefaassend kann ech soen, datt den Hypnobirthing war fir mech, mäi Mann an fir mäi Bébé e Gewënn war an ech kann et nëmmen empfehlen, well et villes méi einfach a méi schéin mëscht!

Myriam, Ben a Lori