Duerch déi gudd Erfahrung mat Hypnobirthing bei der Gebuert vun eisem éischte Meedchen Emily, war et fir eis kloer datt mer och nees bei der zweeter Schwangerschaft op des Method zréckgräife wollten. D’Cindy huet eis e klenge Crashcours gemaach an deem hatt dat Allerwichtegst widderholl, awer och ee klengen Trauma vun der éischter Gebuert mat eis opgeschafft huet. Dobäi hu mer och eng nei, méi individuell Method kennegeléiert, déi genee op mech an eise Puppelchen zougeschnidde war. Doduerch, dass dës nei Entspaanung ganz perséinlech war, hun ech mech direkt ugesprach gefillt a konnt dat ganzt och gudd verënnerlechen.

Wou de groussen Dag dann do war an d’Vicky sech op de Wee gemeet huet, as et, och wéi bei der éischter Gebuert, vun engem bestemmte Moment un nët méi sou ganz séier viru gaangen. Mee eis Erfahrung an déi néideg Rou, déi mer duerch Hypnobirthing matbruecht hun, huet eis ganz geloossen mat der Situatioun emgoe gelooss. Mäi Mann an ech sin d’Maternité de ganze Mueren erop an erof getrëppelt an hun zesummen all Well ewechgeootemt. Natiirlech hate mer ëmmer am Hannerkapp datt d’Doktere bestëmmt wéilten agräife, wann net geschwenn eppes géif geschéien, mee mäi Mann huet mech emmer nees un dat roud Häerz aus der Entspaanung erennert an dann hu mer déi negativ Gedanken einfach op der Säit gelooss. Mir waren tëscht de Wellen souguer immens gudd drop, hu gegeckst a vill zesumme gelaacht.

D’Hiewannen, déi eis déi ganz Zäit betreit hun, hun eise Wonsch no enger natiirlecher Gebuert och respektéiert, bis schließlech no 8 Stonnen d’Iddi opkomm komm as, d’Fruchtblos opzeman fir d’Gebuert sou richteg a Gang ze bréngen. Ech muss soen, dat war och absolut déi richteg Entscheedung. Duerno war ech just nach ganz kuerz an d’Bidden an et huet och keng Stonn méi gedauert, bis mer d’Vicky an eisen Äerm hale konnten. Déi läscht Phase vun der Gebuert war zwar hefteg, dofir awer immens kuerz.

D’Vicky huet iwwer 4 Kilo gewiehen mee ech si weder gerass, nach geschnidden oder gebutt gin, nach huet den Dokter hatt missten erausdrécken oder –zéien. Hatt as einfach erausgerutscht, an dat virun allem mat der Hëllef vun eiser gudder Hypno-Hiewann Julie, déi mech emmer nees motivéiert an ugefeiert huet! J

Aus der Salle d’Accouchement konnt ech zufouss eraus goen, a schon no enger Nuecht an der Maternité hun ech mech esou fit gefillt, datt ech nees heem wollt. Ech hätt, an dat hat d’Cindy mir an der individueller Entspaanung viraus gesot, kënne Beem ausrappen. An och d’Vicky huet sech immens séier vun der Gebuert erholl.

Vun der Kannerdoktesch iwwer d’Hiewann déi duerno bei mech heem komm as, hu se all gestaunt wéi ech ee méi wéi 4-Kilo-Bebe ouni Peridurale oder Gebuertsverletzunge konnt op d’Welt brengen. Ech wier gemaach fir Kanner ze kréien, a wéi wonnerbar d’Vicky kucken a sech bewege géif, hun ech e puer mol héieren. A wann een esou eppes vu Leit gesot kritt, déi Ahnung dovun hun, wees een dass een alles richteg gemaach huet, fir sech a fir säi Puppelchen!

Och haut, mat 5 Méint, as d’Vicky en Hypno-Bébé: total entspaant an d’Gedold a Persoun. Ech géif et bei engem drëtte Puppelchen nach eng Kéier genee d’selwecht maachen! Merci dem Cindy fir seng wonnerbar Ennerstëtzung an dass hatt eis zu all Moment zur Verfügung stung. Merci awer och dem Julie, dat eis gehollef huet, d’Vicky op eng douce Manéier an ouni Medezin op d’Welt ze setzen.

Lena, Dirk, Emily & Vicky