Ech hun d’Cindy op enger Konferenz, déi hat organiséiert hat, kennen geléiert, an ech wousst direkt datt ech misst d’Hypnose bei him probéieren.

An mengem Liewen hat ech zu deem Moment d’Gefill, an enger Saackgaass ze stiechen an ech wousst nët esou richteg an wéi eng Richtung ech mech sollt perséinlech virunentwécklen. Wäll ech op enger anerer Plaatz schon mol Hypnoseerfahrung (an engem ganz aneren Kontext) konnt sammelen, hat ech och guer keng Beréierungsängscht domadder an ech konnt schon an der éischter Séance beim Cindy dirket lassléeën. Di schéin Atmoshpär an senger Praxis an seng immens berouegend Stëmm hunn dozou bäigedroen, datt ech direkt konnt lassloossen an ouni Problem voller Vertrauen an d’Hypnose konnt goen. Ech wousst, datt ech zu all Moment kéint nees aus der Hypnose eraustrieden – falls ech dat gewollt hätt, wat ech awer op keen Fall wollt. Et wor absolut eng génial Erfahrung! Eng Rees op eng Plaatz wou ët keng Zäit an keen Stress gët, wou ech konnt total an mäin déiwstend Ënnerbewosstsäin andauchen an mat mir sëlwer total an Kommunikatioun trieden.
Ech kann ouni Zécken soen, datt ech nach nie an mengem Liewen esou frou war wéi zu gewëssenen Momenter an menger Hypnose. Alles an allem wor d’Hypnose beim Cindy spannend, och ebessi unstrengend, an total iwwerwältegend an engem positiven Sënn. Wéi ech nees aus der Hypnose erauskoum, wousst ech nët, wéivill Zäit vergangen wier. Ech hun op vill vun mengen Froen eng Äntwert kritt, an sin elo amgang mäin Liewen dementspriechen emzekrempelen.

Et gët wierklech en Liewen virun der Hypnose beim Cindy, an en Liewen dono. Ech kann jidderengem empfehlen, beim Cindy an d’Hypnose ze goen.

Christiane