Ech hunn d’Hypnos am Kader vun enger ICSI aus 2 Ursaache ausprobéiert. 
 
Engersäits wollt ech déi ganz Prozedur/meng Astellung positiv mat der Hypnose beaflossen an anerersäits wollt ech och d’Punktioun léiwer ënnert lokaler Anästhesie a Kombinatioun mat Hypnos maachen wéi ënner Vollnarkos.
 
An enger éischter Séance hunn ech net direkt gemierkt, dass ech hypnotiséiert wier, mä ech hu mech awer immens entspaant an agreabel gefillt. An du koum eng bestëmmte Situatioun, an däer ech gemierkt hunn, dass ech awer eng richteg Trance erreecht hat, well ech ONBEWOSST eng bestëmmten ruckaarteg Bewegung ausgefouert hunn, ouni Kontroll doriwwer ze hunn. Dat war eng ganz interessant an impressionant Erfahrung fir mech an huet mir definitiv gewisen, dass Hypnos bei mir fonktionnéiert an ech e gewëssen Trancezoustand erreeche kann.
 
Leider huet d’Icsi schlussendlech net dee gewënschten Erfolleg bruecht.
 
Trotzdem muss ech soen, dass et mer net leed deet, dat ganzt ënner Begleedung vun Hypnos gemaach ze hunn, well et eng immens entspanend Wierkung hat. Och d’Punktioun selwer géif ech direkt nach eng Kéier ënner Hypnos maachen. Et handelt sech jo heibäi “just” em e klengen Agrëff wou ech eng Vollnarkos iwwerflësseg fannen. Duerch Lokalanästhesie kann een dueno rem direkt heem goen an a Begleedung mat der Hypnos ass een an de Gedanken “méi wäit fort” an et kritt ee manner vum Agrëff selwer mat.
 
Schued just, dass d’Käschte net vun der Krankekeess iwwerholl ginn, wou dach souguer wëssenschaftlech bewisen ass, dass Hypnos eng Wierkung/en Afloss huet.
 
Anonyme