Ech war dëst Joer am Kader vun enger FIV an Hypnosesessiounen. Leider hunn ech dës Méiglechkeet réischt nom Transfert entdeckt, well ech mengen dass et mer scho während der Stimulatioun sécher gehollef hätt. En plus fannen ech d’Optioun di hei ugebuede gëtt d’Punktioun ënner Hypnose amplaz Vollnarkos/Rachidienne duerchzeféieren immens, well ech fannen dass et e bësschen iwwerdriwwen ass engem fir een 30 Sekonnen Agrëff eng Vollnarkos ze verpassen, resp. eng rachidienne no där ech eréischt am spéiden Nomëtteg aus der Klinik erauskonnt.

A mengem Fall hu mer d’Hypnosesessiounen haaptsächlech gehollef mech geziilt entspanen ze kënnen an enger Period di psychesch zimlech stresseg ass. Dëst war och mäin Zil firwat ech zu deem Moment dohinner gaang sinn.
Een anere positive Punkt war, dass d’Hypnose mer gehollef huet mer e méiglecht positivt Resultat vun der FIV ze visualiséieren, wat net ëmmer einfach ass wann ee bis op deem Punkt ass. Vu dass d’Medezin bis haut net wierklech versteet firwat a munche Fäll d’Annistung funktionéiert an net an aneren, denken ech dass Entspanung, positiivt Denken an sech generell Wuelfillen nëmme kënnen hëllefen.