Februar 2014

Nodeem ech d’lëscht Joër an der 10ter Woch eng Fausse Couche gemaach hun, sin ech an een Laach gefall, nët wéinst dem Fait, daat ech d’Kand verluer hun (daat klängt elo komesch), mee méi iwert déi Art a Weis, wéi mir d’Resultat matgedeelt kruten. Et ass schued an fir eis onmosseg belaschtend gewescht, daat ët engem Dr an esou enger Situatioun un deem néideschen Fangerspëtzengefill gefehlt huet.

Eng Frëndin, waat Hiewamm ass, wousst waat eis passéiert war an daat mir nees probéieren schwanger ze gin. Hatt huet mir dunn vun Hypnose erzielt.

Nodeem ech ëmmer Kommentaren ze héieren krut: „du muss dech manner stressen, da klappt daat schon! Denk mol un ëppes aanescht! Du bass nach jonk (sin awer schon Joërgang 76, also éiweg Zäit huet een dann och nët méi)!, hun ech mir geduecht, een Versuch ass ët wärt. Ech hun näischt ze verléieren an wollt deen fir mech friemen Schrack woen.

Ech hun dunn ganz séier een RV krut. An der Zwëschenzäit ass festgestallt gin, daat ët bei mir méi einfach kéint gin, schwanger ze gin, wann mir op den Wee vun enger FIV geifen goen.

Beim 1. RV mam Cindy, hun ech mech endlech verstaanen gefillt. Do koum keen vun deenen Kommentaren, déi ech soss ze héieren krut, an déi mech nët berouegen. Ët war een Gespréich, waat ganz relax war, wou ech deem, waat sech an deenen lëschten Méint ugestaut haat, fréien Laaf konnt loossen. D’Cindy huet an deenen nächsten Wochen vill mat mir geschafft. Ech sin méi roueg an ausgeglach gin an virun allem hun ech eng Plaatz fond, wou ech wees, daat ech mir ëppes guddes din. Mat Hëllef vun der Hypnose kann een rausfannen, waat an sengem Ennerbewosstsenn verschafft ass an waat nët, daat berouegt enorm. Doduerch ass ët méiglech Blockaden ze léisen. Waat den Dr deemols awer bei mir psychesch futti gemaach huet, ass nët esou séier an einfach mat Hypnose ze heelen. Trotzdeem wees ech elo, daat mein Ennerbewosstsein alles aanescht gudd verschafft huet. Doduerch sin ech méi befräit an oppen fir d’Zukunft.

Mee 2014: Déi 1. FIV

D’Cindy huet mech mat Hypnose op déi éischt FIV virbereed an ech hun esou een Vertrauen an sie, daat ech mech décidéiert hun, fir keng Narkose bei der Punktioun ze maachen, mee léiwer eng Hypnose.

Am OP-Sall huet d‘Cindy mech an d’Hypnose versaat. Fir all déi sech daat nët kënnen firstellen: ët krëtt een mat, waat engem geschitt, ët spiert een, wann d’Equipe aus dem OP een upäckt, widdert een kënnt, ët héiert een och, daat se lues schwätzen, mee waat, wees ech nët méi. D’ganz Equipe zidd do un engem Strang an verhält sech firbildlech, daat een och nët an „senger Welt“ gestéiert gëtt. Ech hun mech op d’Musik, déi d’Cindy mir iwert Kopfhörer gespillt huet, konzentréiert an op daat, waat sie mir erzielt huet. Ech hun een Picken am Bauch gespuert, mee daat war nët weider schlëmm, a vum Wéih no, gudd ze erdrohen. Ech hun mech an gudden Hänn gefillt. No puer Minuten war ët iwerstaan an ech sin aus der Hypnose rauskomm. Ech war immens erliechtert ët iwerstaan ze hunn, well ët jo awer alles Neiland ass an een nët genau wees, waat bis an deen klengsten Détail mat engem geschitt. Ech war schon ugespaant virun an während der OP, mee ët ass alles ze erdroen an dono hun ech mech richteg gudd gefillt. Ech haat keen Wéih, méi spéit haat ech esou den Bauch wéih, wéi wann een seng Regel krett an fir Dafalgan ze huelen, wier iwerdriwen gewëscht.

Ech kann jidderengem nëmmen zu enger Hypnose roden, och während der Punktioun.

Nom Transfert haat ech och een RV fir eng Hypnose, daat sech d’Ezellen besser sollen festsetzen. Och daat war nom Stress vun deenen lëschten Deeg, mat all deenen Erliewnisser, déi ech virdrun nët kannt hun, eng Wohltat.

Leider huet deen éischten Versuch keen positivt Resultat mat sech bruecht, mee daat huet d’Natur esou decidéiert. Wann een eierlech mat sech ass an d’Statistik kennt, wees een, daat nët jiddereen no enger FIV kann schwanger gin; och d’Hypnose ass keng Garantie dovir, mee fir mech eng Hëllef während der Zäit geloossen ze sin an mat der Situatioun gudd eens ze gin.

Mein Choix ass nach ëmmer fir déi nächster FIV, Punktioun ennert Hypnose.

Een groussen Merci an all méin Respekt un d’Cindy, waat duerch seng kompetent Art a Weis mein Vertrauen huet, wëll daat ass wichteg an esou Situatiounen. Merci fir daat oppend Ouer an déi Gebuergenheet, déi ech während der Punktioun haat. Merci och un N. fir deen gudden Root dohin ze goen.

August 2014: Schloofproblemer

Nodeem ech an Behandlung sin an Hormoner gesprëtzt kréien, hun ech verschidden Nierwenwirkungen. Eng dovun ass, daat ech schlecht schloofen an daat mir daat un d’Moral geet, well ech mein Schloof brauch.

Seit Wochen schlofen ech eng gudd Stonn duerch an sin erwëschen dono ëmmer nees den Rescht vun der Nuecht. Un een richtegen festen Schloof kann ech mech schon baal nët méi erenneren.

Ech hun dem Cindy dovun erzielt an sie huet mech an eng Hypnose versaat, wou probéiert gin ass, deen Problem ze besäitegen. Eierlech gesoot sin ech skeptesch bei esou Saachen, mee een Versuch war ët wert.

Déi 1. Nuecht dono hun ech schlecht geschloof, mee dono ass ët besser gin. An lëschter Zäit schloofen ech 5 Stonnen duerch, daat ass fir mech Gold wert. Virwaat daat esou ass, kann ech nët erklären; ech hun näischt geännert, esou daat fir mech d’Äntwert op dës Fro ass, daat Hypnose gehollef huet.

Monique