HypnoBalance Cindy Gouden Klientenstimmen HypnoBirthing Loa

Eng Fra, dräi verschidde Gebuerten, drei verschidden Erliewnësser, eng dovunner mat HypnoBirthing

Ech wor op HypnoBirthing gestouss duerch eng Annonce an der Zäitung an duerch eng Doula. Ech hunn e Wee gesicht die mech méi relaxéire géing während menger Schwangerschaft an déi mir géing hëllefen d’Gebuert esou gutt wéi méiglech an esou ausgeglach wéi méiglech ze erliewen. Dëst wor déi 3t Schwangerschaft, an well ech hu missen vill leien, wor ech immens ugespaant , nervös an onzefridden. Mam HypnoBirthing huet dat alles geännert. Mee fir besser den Ennerscheed zweschen deser Gebuert an denen aneren ze gesinn, erzielen ech kuerz vun mengen Erliewnësser.
Déi 1. Gebuert wor schlecht verlaf an ech hunn se och esou an Errënnerung. Mir haten eis op d’Gebuert mat Hëllef vu Bicher an mat engem Virbereedungscours virberet. Mee den Dag vun der Gebuert selwer wor den Droht mat der zoustänneger Hiewamm weder warm nach kal, sie wor streng an hir Uweisungen hunn net diem entsprach wat ech erwaart hunn. Ech hunn falsch gedréckt, wosst net wéi ech mech sollt uleeën. Vill wor no der Gebuert opgerappt, bis an de Schliessmuskel. Ech hat keng Peridural gebraucht, just de Baxter fir erem zu Kräften ze kommen.
Dono woren Narbenverwuessungen, Iwwermiddegkeet, Ennergewiichtegkeet vu mir an Postnataldepressioun dobäikomm. Mäi Jong wor en nervöse Puppelchen, huet wéineg geschlof, vill gekrasch (also méi wéi 3 Stonnen pro Dag während ville Méint) an hat vill Verspannung um Kapp gehat duerch d’Schwangerschaft an der Gebuert. D’Léift op den 1. Bléck mam Samuel (mäi Jong) wor net do. Nodeems hien e puer Mol beim Ostheopath wor, goung et him e besse besser.

Fir déi 2. Gebuert hunn ech Haptonomie bei der Maternité beim Lara gemet fir de Kontakt mam Puppelchen opzebauen a fir dass d’Gebuert besser géing verlafen fir eis all. Dëst wor immens schéin an ech wor och ausgeglach. Obwuel d’Gebuert dunn e Kaiserschnitt wor well d’Emily sech net gedréint huet, wor ech ausgeglach a frou mat him. D’OP wor och ganz relax mam Radio am Hannergrond. Ech kruut keng Postnataldepressioun, an ech sinn sëcher dass dat mat diem ze dinn huet wat d’Lara mir beibruecht huet. D’Emily wor vun Ufank un immens ausgeglach an all déi Saachen déi e liest vun Bébéen déi vill no engem Kaiserschnitt kräischen, hat ech net. D’Léift op den éischte Bléck wor do. D’Emily wor e rouege Bébé an hat wéineg Verspannungen duerch d’Gebuert . Et wor eng schéi Gebuert fir mech.

Fir déi 3. Gebuert : D’Loa wor am Bauch de richtege Wee gedréint, awer well ech hu misse leien a Wéien hat, wor ech immens midd, nervös an onzefridden während der Schwangerschaft. Dozou koum dat ech Angst hat datt déi Postnataldepressioun géif eremkommen. Ech wosst dass d’Haptonomie net géif duergoen an wollt näischt vun der 1 Gebuert erem erliewen. Ech hunn no enger Alternativ gesicht an schon zimlech zum Schluss (7.Mount) mech beim HypnoBirthing ageschriwwen. Zum Gléck hat d’Vicky Zäit fir eis. Mäi Mann an ech woren frou fir eleng mam Vicky ze sinn, well mäi Mann haaptsächlech Englesch versteet, an d’Zäit huet gedrengt well de Risiko fir eng Fréigebuert bestoung.
Déi Seancen hu mir doheem ganz vill gehollef zur Rou ze kommen a mech op d’Gebuert an op d’Loa ze freen. Ech hat duerch déi regelmässeg Uwendung vun der CD vill Energie getankt: ech wor fit doheem fir meng Kanner a fir mech, ech hat manner Wéien, ech wor ausgeglach, ech hunn net méi de Plafong a menger Kummer ugekuckt , mee ech hu geliess oder gudd geschlof oder d’Übunge gemet. Déi Ängsten déi ech hat woren dunn fort gaang. Mäi Mann wor immens impressionéiert, hien huet gutt bei de Seancen matgemet an hie wor vun do aus unn iwwerzeecht iwwert d’HypnoBirthing.
Wéi mir an d’Maternité koumen (Mëtternuecht) sinn mir vun enger Hiewamm empfaang ginn, mee leider hat ech déi direkt mat menger 1. Gebuert assozéiert well et wor déi selwecht. Ech hu mech dunn direckt blockéiert, dunn koum dobäi dass verschidde Saachen déi op eiser Wonschlescht woren, net respektéiert goufen an mir ze schei woren fir Nee ze soen. D’Hiewamm wor och net encouragéirend eriwwer komm. D’Wéien woren oneffektiv an et wor net vill geschitt . Ech kruut dunn och gesot dass, well ech bei der éischter Gebuert vill gerappt gouf (well déi 2 Ausgäng ze no beieneen woren) dass dat och dess Kéier de Fall wäert sinn, an datt wann et net géing Moies viru goen, dann misst en d’Wéien aleeden. Am Hannerkapp wollt ech och guer net dass de Bébé do eraus komme sollt. Zum Gléck hate mir jo ons CD an während mir an der Kummer woren, konnte mir doduerch schlofen. Ech sinn just waakreg ginn während de Wéien an dono erem ageschlof. D’Péng hunn ech gespuert, mee et wor alles ze erdroën.

Em 6h wor nach emmer net vill geschitt an d’Hiewamm sot dunn awer encouragéierend dat dat normal wir fir Nuets, a vläicht wann d’Relève kéim dann géing et schnell viru goen wéinst dem Wiessel vu Leit, der frëscher Loft am Sall. Sie huet dunn nach mir Courage gemet, an sie hat och Recht.
Wéi déi aner Hiewamme Sarah a Sarah koumen (e Léiermeedchen an eng diploméiert Hiewamm) wor et ganz schnell gaang. Sie wore motivéiert, haten eis Bedürfnisser respektéiert an innerhalb vun 50 Minuten woren déi lescht 3 Zentimeter opgaang an d’Loa dobaussen. Et wor déi beschte Gebuert déi ech je hat. Den Dokter Borhoven wor och immens frou an hien hat mech och während der Schwangerschaft an deser Decisioun ennerstëtzt. Ech hunn direkt gewosst a gespuert wat ech misst maachen. De Puppelchen koum esou flott eraus an ech hat just e Ministach misse gemet kréien. Et wor wonnerbar an ech wor esou fit dono. Alles ouni Peridural, Baxter,… Ech hunn hat direct ugepak wéi hatt aus dem Bauch koum. Ech hunn déi éischte Soins gesinn. Et wor e schéine Moment.
Mir hätte kéinten den Dag selwer schon Heem fueren, mee well déi aner 2 Kanner bei der Bomi woren, si mir den Dag drop erréicht gefuer. D’Leit woren erstaunt wéi gutt a fit ech ausgesinn hunn no der Gebuert, och Wochen dono. D’Léift op den 1. Bléck mam Loa wor och do.

D’Loa ass nach emmer en ausgeglachene Puppelche . Hatt laacht vill, babbelt, get iwwerall matt a kräischt just bei Honger, voller Lomp, Middegkeet oder wann hatt krank ass.

Obwuel et déi 3. Gebuert wor , kéint e jo mèngen, datt et doduerch besser gaange wir an dat ouni HypnoBirthing. Souzesoën : wat méi Gebuerten , wat méi Training, wat et méi einfach get. Ech kann Iech versëcheren dass de Saz net zoutrëfft. Mäi Mann an ech sinn iwwerzeecht datt déi Gebuert just duerch den HypnoBirthing esou gutt bei eis ofgelaf wor.

Mir soen e grousse Merci un d’Vicky an un d’Cindy fir hir Ënnerstëtzung an hiert Wëssen wat sie eis vermëttelt hunn an un den Dr. Borhoven dien positiv zu menger Decisioun gestan huet.

Joëlle a Jonathan Orr