Viru gutt 2 Joer krute mir gesot, datt mir eng ICSI wäerte brauche fir eise Wonsch vum eegene Kand ze verwierklechen.
Am Ufank si mir relativ gutt mat der Situatioun eenz ginn mee no e puer Feelversich sinn d’Onsécherheet, d’Suergen an d’Angscht ëmmer méi grouss ginn. Mir, mee virun allem ech, wousst net wouhi mat all menge Gefiller. Eis Doktech vun der PMA hat eis du vum Cindy erzielt an dat si gutt Erfahrunge mat senger Therapie gemaach huet. Also hunn ech mech do gemellt a war éierlech gesot ganz ouni Virstellung wat op mech duer géif kommen an déi 1. Séance.
Mir hunn deemools souwuel wingwave wéi Hypnose gemaach. No dëser Seance muss ech soen, datt ech ganz geloossen no der Hypnose-Situatioun war, ech war relax a si mat engem Laachen um Gesiicht heem gefuer. Der wingwave géintiwer war ech éierlech gesot e bësse méi skeptech agestallt. Dat huet sech awer an de Séancen dono verännert, ech hunn och no enger wingwave eng Verännerung u mir festgestallt. Egal wéieng Method mir ugewendt hunn, ech sinn all Kéier erliichtert a mat engem positive Gefill aus der Praxis gaangen. Zumools di nei Raim hunn eng super Ambiance an et fillt een sech direkt wuel.
D’Cindy mécht engem et och ganz einfach oppen ze sinn a senge Gefiller fräie Laf ze loossen, evtl och mol Saachen auszeschwätzen fir déi ee sech soss géif schummen oder e schlecht Gewëssen hätt.

Also mir perséinlech huet bis elo all Séance extrem gehollef an ech si frou, datt ech an engem Moment vun erneiter Onsécherheet oder Angscht dorop kann zréckgräifen, d’Cindy kontaktéieren an en neie Rendez-vous ausman.