Hallo Cindy,

Hunn haut emol Zäit fonnt,fir op är Homepage vum Hypnobirthing luussen ze kommen.
Fannen et eng super Iddi dat hei am Land bekannt ze maachen an d’Fraen doranner ze bestärken Vertrauen an hieren Kierper ze hunn, dee jo bei der Gebuert ganz genau wees,wat en maachen muss;-)
D’Gebuert vun eisem klengen Félix (22.November 2010) hunn ech nach emmer an gudder Erennerung an dat virun allem,well Dir an d’gesamt Equipe esou léif an kompetent sidd.
Et war eng Gebuert,wéi ech mer se gewënscht hat,ganz friddlech an ouni PDA, an ech soen Iech villmols merci fir di léif Begleedung.
Meng Frendinnen waren ganz neidesch drop,datt ech an der Bidden accouchéiert hat…
Ech hunn op alle Fall mol Reklamm fir den Hypnobirthingcours gema.

Wénschen Iech ee schéint Fest an maacht weider esou,dir sidd all eng super Equipe.

Ganz léif Gréis,

Patricia Nicolas mam Hypnobirthingbébé Félix, deen schonn vum 2. Dag doheem un duechschléift