Ech haat eng Héichrisikoschwangerschaft an en Kaiserschnett dei ech béid net gudd verschafft haat. Et goung mir eng laang Zait no der Gebuert vun mengem zweeten Meedchen net gudd an ech sin einfach net iwwert daat Erliewtent ewech komm.

Ech konnt net iwwert d’Schwangerschaft an d’Gebuert schwätzen ouni an tréinen auszebriechen. Op uroden vun enger Frendinn sin ech dunn bei d’Cindy Gouden gangen. Duerch e puer séancen Wing Wave konnten mir dunn zesummen op de Fong vum mengen Problemer goen. Erstaunlech fir mech war dass et mir direkt no der eischter Séance vill besser gangen ass,an ech hun gemierkt dass d’Erennerung sech aanescht ungefillt huet. No e puer Séancen hun ech elo keen Problem méi iwwert déi ganz Saach ze schwätzen. Sie ass fir mech elo an der Rhei. Daat ganzt gehéiert zu eiser Liewensgeschicht vun mengem Meedchen an mir, an ech kann et als solches akzeptéieren.

Mir geet et elo erem richteg gudd,an ech kann déi Zait mat mengem wonnerbaren Medchen richteg genéissen ouni schlecht Gefiller.