Mein Mann an ech versichen schon längerer Zeit Kanner ze kreien ouni Erfolg. No puer RDV’en am service PMA an den Start vun eisem “Traitement”, kruuten mir d’Cindy haerzlech vun eisem Doktor ugerooden.
No engem zousätzlechen misslongenen Versuch, ass et mir moralech net gudd gaangen an hun mech dann endlech endscheet d‘Cindy ze kontakteieren fir en RDV ze froen. Si huet mir an kuerzer Zeit zreckgeschriwen an konnten sou en RDV ausmaachen. Ech kruut en Formulär auszefellen den eis soll waerend der 1. Séance Zeit spueren well Si sech sou schon konnt firbereeden an all di kleng mee awer wichteg Froen net nach eng Keier misst stellen. Ech waar en bessen nervös well ech net richteg wousst waat op mech geng zoukommen. Ech wousst schon daat et net Hypnos waer wei op der Télé mee awer hun ech mech Froen gestalt.
Den 1. Kontakt waar perfekt. Si huet mech direkt à l’aise kritt. Si huet mir erklärt waat an wei mir zesummen gengen maachen an huet mech nach eng Keier drop opmierksam gemaach daat Si net psychologin ass an dei och net ersetzen keint. No engem intensiven Gespreich hun mir eis Séance dun gestart an ech waar richteg paff wei gudd daat klappt. Mat gezielten Froen kennt Si op Punkten vun der Vergangenheet oder vun der Geigendwaar di een onbedeitend mengt. An genau do mierkt een daat een se vielleicht vergiess haat mee net verschafft. Sou gin mir Punkt fir Punkt an den Séancen duerch mat um Schluss nach eng relaxeier Methode di no un den Autogenes Training kennt.

Mir brengt daat en gudd Gefill, en Gefill daat ech verschidden Saachen klasseieren kann an mech op aner konzentrieren kann.

Ech freen mech schon op di next Séance

Anonyme