Main Numm ass Patricia an ech hun zwee Meedecher. Meng eischt Gebuert ass spontan lass gaang nodeems main Gynéco mir manuell den col dilateiert huet. Ech war geint 19h30 an der Maternité an main Kand war um 21h02 op der Welt, also en relativ seier Gebuert. Seier an awer och hefteg. Wei ech ukomm sinn, war main col op 8cm op, also keng peridural mei. Ech wollt um Hocker accoucheiren, hun awer falsch gepresst an dunn sinn ech an d’Bett gewiesselt. Ech hun geduecht ech ging et net packen. En tout cas hun ech mer während der Gebuert d’Steissbein gebraach. En plus haat ech en eenormen Daamress an hun missen matt 7 Stech gebutt ginn. Leider sinn vun deenen 7 der 4 rem opgefuer, waat et Heelung verzögert huet. Fin du compte haat ech duerch den Broch während 6 Meint immens Weih beim setzen an och zum Deel am leihen. Et wor keng schein Zait an duerch den Weih konnt ech et nieren an main Kand net richteg geneissen. Wei ech dunn fir zweet erwaart hun,hun ech d‘Gedanken un d’Gebuert einfach verdrängt. Bis ech den Dossier an der Maternité opgemaach hun. Dunn kumm d’Angscht. Ech krutt Panik wann ech drun geduecht hun, daat ech mer rem d’Steissbein briechen ging, an deen ganzen Drama rem vun fir lass ging goen. Ech war souguer um Punkt, fir main Dr ze froen mir eng Césarienne ze maachen. D’Hiefamm an der Maternité huet mir vum Hypnobirthing an Wing wave geschwaat. Fir Hypnobirthing war et ze speit, awer ech konnt nach 2 Séancen Wing wave maachen. No der eischter séance, war ech zumindest molrem prett fir och eng natiirlech Gebuert an Erwägung ze zeihen. An der zweeter séance huet d’Cindy dunn matt mir meng eischt (traumatesch) Gebuert opgeschafft, an daat Punkt fir Punkt. Und siehe da, duerno hun ech mech prett gespuert an meng Angscht war daitlech mei kleng. Ech war mer secher daat ganzt ze packen. Ech hat och en kloren Plang virun Aan wei meng Gebuert sollt sinn. Zwou Wochen mei speit hun ech rem spontan an natiirlech accoucheiert, an et war rem eng ganz seier Gebuert an och ouni peridural AWER des Keier war et keng hefteg mei. Main Kand war an d’Zait vun enger halwer Stonn do an dess Keier ouni Broch an matt nemmen 4 Stech. Dank Wing wave, mengem neiem Gynéco an der Hiefamm aus der salle d’accouchement haat ech trotz der Peng die jo awer normal ass, eng ganz schein Gebuert.

Villmols merci Cindy