Ech kennen Cindy zenter villen Joeren, wei et ugefaangen huet den Wee ze goen mat der Hypnose wor ech zunächst mol skeptesch wou den Wee soll hingoen. Ech interesseieren mech zenter Joeren fir alles waat NET mat der Schoulmedizin ze din huet.Den Feedback vun sengen Patientinnen huet mech awer emmer mei hellhöreg gemeet. Wei et dann elo seng eegen Praxis opgemeet huet, duecht ech mir vun Ufank un..daat ass viellaicht eppes fir dech.

Kurzerhand no laangen Meint wou ech emotional total op der Kopp wor hun ech Kontakt nam Cindy opgeholl. Wollt net an dei Spiral vun Depressioun ranrutschen. Bon, leider soutz ech schons voll dran an hun an naischt mei en Senn fond… main 1schten Rdv an senger Praxis sin mir mat intensivem Gespreich mol kucken gaangen waat Haaptproblematik ass. Cindy haat mech seier duerchkuckt an en gudden Usaatz fond fir drun ze schaffen mat mir!!

An ech mengersaits haat voll Vertrauen an et, datt wann ech matschaffen mir d’Saach an den Greff kreien. Mat Virfreed sin ech op den 2ten Termin gaangen, wou een sech dann wierklech faalen lossen kann. Et ass ganz angenehm an et ass een an enger aanerer Welt. Sou munches gouf duerch seng Froen an meng Äntwerten vun ganz freiher erem rausgekromt aus dem Ennerbewosstsinn.
Ganz interessant..duerno wor ech MIDD, ganz vill midd… mä immenz liicht hun ech mech gespuert. Kann nees ganz gudd iessen, an Negativiteit zum Liewen ass praktesch ganz fort…! Cindy huet mir enorm gehollef nees en neien Usatz ze fannen an ech sin enorm dankbar dofir.

Mir geet et exzellent an ech wärt keng Minut mei laang wei neideg waarden, wann ech nees mierken datt ech Hellef brauch. Et ass natierlech net fir jiddferen, mä fir mech wor et dei RICHTEG an BESCHT Décisioun, dei ech an den leschten 6-7 Meint geholl hun.