No enger traumatescher 1. Geburt (Aleedung an der 41 Woch mat Noutkaiserschnëtt wéint schlechten Härztéin) an engem 2. Kaiserschnëtt erem wéint schlechten Härztéin um erechenten Therme beim 2. Kand stin ech elo kuerz virun der Geburt vun mengem 3. Kand. Dei zwou éischt Kéieren waren guer nit verlaaf wei ech mer daat viergestallt haat an eng Césarienne war emmer meng perséinlich Horrorvirstellung.

Dofir hun ech deskéier décideiert datt alles soll aanischt Ooflaafen. Ech well nit datt rem iwert main Kapp décideiert get ech well selwer matbestemmen. Ech hun mech vill informeiert an mam Thema natierlich Gebuert no Césarienne auserneen gesaat. Fier mech war séier kloer, datt wann et deskéier normal klappen soll, nëmmen Hypnobirthing a Fro kéim.

Ech sin mam Cindy an Kontakt komm an hat soot mer,datt soulaang ech déi aaner Gebuerten nit verschafft hun, et schwierig get op ze sin fier daat waat nach kéint, well evt rem nit alles leeft wéi ech mer daat virstellen an déi aal Ängschten erem kommen. Sou koum et dun datt ech zesummen mam Cindy mat der Wingwave Methode meng 2 Gebuerten opgeschafft hun. Et geet drem, daat waat een erliewt huet nacheemol ze duerchliewen an seng Gefiller ze verschaffen.

Déi 1. Kéier war schrecklich ustrengend, ech war midd an desilusioneiert. Ech war och secher ech weillt daat nit nachemol matmaachen. Mee no puer Deeg ass et mir vill besser gaangen. No enger 2. Kéier war et dun och schon ok. Déi 2. Kéier wingwave war och vill manner ustrengend. Mir ass et duerno vill besser gaangen, ech sin vill manner nervös an virun allem kann ech endlich iwert meng Gebuerten schwätzen ouni ze kraischen oder onkontrolléiert ze zidderen.

Meng 3. Gebuert leeft lo wahrscheinlich awer rem op eng Césarienne eraus, an dofir hun ech den Hypnobirthing Cours och nit gemaach, ech hun doheem d’Übungen alleng gemaach, an fillen mech och gudd dobai.

Egal wei et elo geet, ech sin zefridden, an ech sin frou datt d’Cindy mir den Wingwave proposéiert haat. Et huet mir enorm gehollef mat deem waat kennt am rengen ze sin.

Anne