No enger Fausse couche an 2 ICSI’en (2 frësch Versich an 10 Kryoën) huet mir Motivatioun fiir weider ze maachen e bëssen gefeelt; meng Fraëndoktesch huet mer dun HypnoBalance fiir geschlou an e Psychologe (deen leider näischt brucht huet); duerch d’HypnoBalance hun ech nees geléiert op mäin Kiérper anzegoën an him ze vertrauen. An der éischter Séance wosst ech nach nit sou richtech waat op mech duerkéim.. mee duerno gung ët mie liicht an ech hun schon ‘onbewosst’ gewosst waat kéim; erstaunlich waat mäin ”Kapp” alles gespeichert an falsch interpretéiert huet an domadden eng Schwangerschaft onbewosst blokéiert … No den Séancen wor ech enorm entspaant, wor gut gelaunt (Beem ausrappen) an konnt besser schloofen.
Fiir die 3.ICSI wor ech och enorm entspaant, fiir d’Punktioun an duerno och fiir den Transfert; direkt nom Transfert krut ech nees eng Séance fiir datt den Embryo sëch besser festbäisst..

Mat Erfollech; ech sin nees schwanger gin!! Méng Werter sin tip top an ”d’Fruucht gedeiht” an der gudd duerchbluter Gebärmutter….An méng Astellung as op weideres positiv, datt mer a puer Méint onst ‘Wonner’ am Aarm kënnen haalen.

Mäin Mann an ech fréen ons no 6 Joër endlich op den Nowuess

Lynn