D’Cindy hun ech kennen geléiert, wou ech am CHL als Patientin am Service PMA di éischt Rendez-Vous hat – ee Schrëtt dee fir mech immens schwéier war. No enger Fausse Couche virun 3 Joer hu mäi Mann an ech nie drun gezweifelt dat mer Kanner kéinte kréien, emsou méi well et, laut den Gynécologuen, weder vun him nach vu mir aus e manifesten Grond gouf wisou ech zanterhier net rem schwanger gi sin. Et huet mech vill Iwwerwannung kascht den Schrëtt Richtung PMA ze man, well ech wousst dat mer dann wierklech di lescht méiglech Hëllef géifen an Usproch huelen fir vläit awer nach zu eisem Wonschkand ze kommen…mee dat mer och scheiteren kéinten.
Während ville Gespréicher mat ganz villen Tréinen as d‘Cindy mathëllef vun der Wing Wave Method fir d’éischt mol dem Grond fir méng gemëschten Gefiller zur PMA nogaang – nämlech di Fausse Couche. Ech selwer war iwwerzeegt ech hätt daat mëttlerweil verschafft, ma deem war définitiv net esou. D’Cindy huet déi traureg Erfahrung dun aus méngem Ënnerbewosstsin neutraliséiert. Duerno war déi Blockade awer fort an ech konnt, ouni direkt nees unzefänken mat kräischen, driwwer schwätzen an et och akzeptéieren. Dest war fir mech schon beandrockend, an ech wousst dat ech beim Cindy an gudden Hänn wier an och genee di Hëllef kriit di ech bräicht fir di nächst schwiereg Schrëtt mi positiv an optimistësch unzegoen.

Während den Traitementer hun ech hat regelméisseg gesin, sief et als mental Präparatioun virun engem neien ICSI-Versuch, direkt no engem Embryo-Transfert, oder awer och no engem erneiten Echec…mir huet et ëmmer immens gehollef ze wëssen dat hat an deene kriteschen Momenter do wier fir mer nozelauschteren, mech ze verstoen an mer d’Gefill ze gin et wier nach net all Hoffnung verluer. Doduerch dat hat selwer jorelaang als Hiewamm geschafft huet wousst hat och genee wéi daat géif oflaafen, waat fir eng Achterbunn vu Gefiller ee während den Traitementer erliewt – vun himmelhochjauchzend bis zu Tode betrübt – an eben näischt schéin ze rieden, ma den Tatsaachen an d’Aan ze kucken. Wichteg war och trotzdem d’Hoffnung net opzegin, well soss bräicht een amfong jo keen Traitement méi ze man an all déi Niewenwirkungen op sech ze huelen. Daat hun ech och belaaschtend fonnt, dat ech d’Gefill hat net mi ech selwer ze sin duerch di ganz Hormoner, ouni dat et awer zu engem Erfolleg gefouert hätt.

Wou et no puer Uleef dun awer tatsächlech geklappt huet an ech erwaart hun, war fir mech kloer dat ech zesummen mat méngem Mann och gäer dem Cindy séng Begleedung während der Schwangerschaft an d’Virbereedung op d’Gebuert durch Hypnobirthing wéilt maachen.
D’Préparatioun duerch Hypnobirthing war ganz wäertvoll, well ech eise Bebe sou natierlech wi méiglech wollt op d’Welt bréngen, ouni ze wëssen ob ech daat och wierklech géif fäerdeg bréngen. Mathëllef vum Cindy sin mir méi gezielt op perséinlech Ängschten a Virstellungen zum Oflaaf vun der Gebuert agaang, an ech hun fir mech e puer passend Méiglechkeeten fonnt fir schnell z‘entspaanen an lass ze lossen, sou dat ech ganz zouversiichtlech war dat ech eng schéin Gebuert kéint hun a mäi Mann mech dobäi ganz gudd ënnerstetzen géif. D’Opstellen vu méngem perséinlechen Gebuertsplang – e bessen wi e Wunschdenken – zum Schluss vun der Schwangerschaft war och voller Spannung an Virfreed. Ma den Dag selwer war et dun awer och tatsächlech esou : soubal méng Fruchtblos gerass as ware mir ganz roueg an relax an hun eis gefreet op daat waat lo op eis duer kéim. Während all deenen Stonnen duerno konnt ech, dank non-stop Réckenmassage vu méngem gudde Mann, sou entspaanen an d’Wellen ewech otmen dat et fir eis insgesamt eng schéin Rees an e super Erliewnis war, an ech hun daat ganzt bessi wi an engem Draam matgemeet well ech iergendwéi relax war an all Zäitgefill verluer hat. Och eisem Bebe gouf esou e gudden an harmoneschen Start an d’Liewen erméiglecht, waat eis all ganz glécklech mecht.
D’Regenbogen-CD hat ech virdrun net ganz oft gelauschtert (di huet mech éischter nervös gemeet), ech hat léiwer eng CD mat Naturgeräischer, déi während der Gebuert zäiteweis am Hannergrond gelaaf as an berouegend gewierkt huet.
Mir sin immens frou dat mir duerch d‘Cindy d’Virbereedung op eng natierlech Gebuert kennen geléiert hun, an dat mer mat däer richteger Astellung och di grouss Chance haaten déi dann och genausou z‘erliewen. Daat wënschen mer méiglechst villen Elteren, dofir wend iech onbedéngt un hat! Dir Cindy e ganz ganz grousse MERCI fir alles!!! An weiderhin na vill Passioun an deem waats du sou gudd mechs.