Eise Jong ass am Februar 2013 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte op d’Welt komm. Wéi ech um Internet no Schwangerschaftscoursen gesicht hun, vir mech op d’Gebuert virzebereeden, sinn ech per Zoufall op den HypnoBirthing gefall.
D’Philosophie vum HypnoBirthing huet mech direkt ugesprach an ech hu mat mengem Mann decidéiert, de Cours ze maachen, nodeems ech e bessen iwert déi Iddi recherchéiert hun.

Obwuel et leider wéint Complicatiounen zu kenger natierlecher Gebuert
kommen konnt, huet den HypnoBirthing mech durch verschidden Techniken
geléiert, mech ze entspanen an mat all méiglechem Schmerz ëmgoen.

Déi verschidden Otemübungen sin an immens villen Situationen uwendbar.

Ech kann de Cours nëmmen weider empfielen.

E grousse Merci un d’Cindy wat sech vill Zäit vir eis geholl huet an eis an de verschiddenste Situatiounen versicht huet ze beroden an ze hëllefen.

Yannis, Jessica a Jeff