Mir hun d’Cindy opgesicht well eisen Jong grouss Prüfungsangscht haat.
Haptsächlech Mathe huet him vill Nuechten ouni Schlof an vill Bauchweih gin. Grouss Selbstzweifel an eng verzweifelt Mam hun dunn gemach dass mir beim Cindy Rdv geholl hun. No enger eenzeger Seance dei mir Enn September haaten sin mir haut op dem Punkt dass eise Jong ouni Angscht an ausgeschlof kann mueres relax eng Prüfung schreiwen.
Sein treien Begleeder fir all Test as en gringen Glecksbracelet.
Mir hun mat eisem Jong ausgemach dass hien selwer soll soen weini hien erem beim Cindy Rot siche well.

Mir soen dir e grousse Merci.

45 Minuten sin duer gang fir Selbstvertrauen eremzefannen.