D’Philosophie vun HypnoBirthing huet mer ganz gudd gefall. Eng Gebuert déi sou natierlech wéi méiglech oflafe kann an am beschten nach ouni vill Péng a just mat medezineschen Agrëffer wann et muss sinn, huet fir mech gudd geklongen. Et war meng Fraendoktesch déi mech op d’Coursen opmierksam gemaach huet.
Den éischte Cours hate mer am 6. Mount. D‘Schwangerschaft ass gudd verlaf. D’Lauschtere vun der HypnoBirthing-CD hat och en Undeel dorun, well ouni déi hätt ech mer wahrscheinlech net all Dag Zäit geholl fir eng hallef Stonn sou ze relaxen. Dat positivt Denke wat HypnoBirthing vermëttelt, huet mech dra bestärkt keng Angscht virun der Gebuert ze hunn. Virun allem den Aspekt dass ee soll positiv un déi ganz Saach ru goen an dobäi ope fir alles bleiwe soll fir dat wat op een duerkomme kann hunn ech ëmmer rëm berouegend fonnt. Wann ech un d’Gebuert geduet hunn, hunn ech mech einfach richteg drop gefreet.
Leider gouff d’Gebuert dunn awer ageleed wat mech e bessiën aus dem Konzept bruet huet. Mä och do hunn ech mer gesot, dat ass dann ebe sou, maache mer dat bescht draus. Dat ganzt huet sech e bessiën an d’Längt gezunn. Lues awer secher goufen d’Wéie méi stuark. No enger Zäit hunn ech mech fir d’PDA entscheed. Ech hunn eng Zäit gebraucht fir mech fir d’PDA ze entschléissen, a war dunn och enttäuscht iwwer mech an iwwer d’Welt dass et net ouni gaang ass. Wéi se bis gewierkt huet konnt ech rëm no vir kucken a war iwwerrascht dass ech d’Otemtechniken déi ech an de Course geléiert hunn trotzdeem nach sou gudd uwende konnt. Dass ech mech no deem „emotionalen Déifpunkt“ rëm relativ séier gefaang krut hat och wahrschéinlech mat der Gebuertsvirbereedung ze doen. Ech hu mer och déi ganzen Zäit gesot dass mech all Wéi méi no bei d’Kand bréngt. Och wann dat jo evident ass, huet dee Saz vun der CD mir dat ëmmer rëm bewosst gemaach.
No der Gebuert war ech och kierperlech séier rëm ganz äerdeg. D’Musik vun der HypnoBirthing CD lauschteren de Bébé an ech och haut nach heiansdo wa mer chillen an un d’Méint virun der Gebuert denke wëllen.
Och wann eise Puppelchen op sech wuarde gelooss huet kinnt ee lo mengen dass en awer frou ass endlech do ze sinn: hien ass e gemitlechen a froue Kärelchen dee vill laacht a sech net sou liicht aus der Rou brénge léisst.
Och wa mir net alles wat mer an de Course geléiert hunn 1 zu 1 ëmsetze konnten, huet déi Virbereedung eis gehollef sou bewosst wéi méiglech un d’Gebuert runzegoen. An och wann d’Gebuert zum Deel net déi ganzen Zäit sou verlaf ass wéi mer eis dat erhofft haten, denken ech als Fra awer och mat positive Gedanken u verschidde Phase vun der Gebuert zréck.

Merci fir alles Cindy!