Am Abrëll 2014 hu mir festgestallt, dass mir eisen 2. Bebe erwarden.
D’Freed war grouss, mee leider ass an der éichter Blutanalyse den CMV-Virus bei mir festgestallt ginn an et konnt een nit anhand vun der Blutanalyse feststellen ob ech de Virus virun oder während der Schwangerschaft krut. Dun ass de Suergenmarathon lass gaangen an ech hu mech ganz schlecht gefillt. Vun Virwerf (vis-à-vis vu mir), Angscht, Ongewëssheet, Trauer, mee virun allem di Fro: ‚Waat maache mir wann…???‘ Mir hunn eis probéiert su gutt et geet of ze lenken, virun allem war et gutt, dass mir schonn eis grouss Maus haten, mee esou richteg eenz sinn, virun allem ech, nit ginn.
Dunn hunn ech vun der Hypnotherapie bei der Madame Cindy Gouden héieren, an duecht mir, dass mir daat vielleicht kinnt hëllefen besser mat der Situatioun eenz ze ginn. (Ech hunn Cindy schonn kannt, well si bei der Gebuert vun eiser Maischen eis Hiewamm wor). Beim 1. R-V huet d’Cindy mir dun vun der WingWave Therapie geschwat an gemengt mir sollten daat mol probéieren. Esou komesch wéi et och wor, mee et huet mir gehollef fir di ganz Strapatzen besser ze verdauen. Haut benotzen ech nach oft d’App wou d’Cindy mir gesot huet ech soll mer déi eroflueden. Haut huet eisen 2. Engelchen 6 Méint an et geet him Gott sei Dank ganz gutt an all Tester vum CMV waren negativ. Ech spillen eiser Maischen och emmer owes eng CD (extra fir Beben a Kanner) vun der Wingwave fier, da kann hat besser aschlofen.

Ech soen der Madame Gouden villmools Merci fir hier Hëllef, bei der Geburt vum Lilly an fir d’Ennerstëtzung während der suergenvoller Schwangerschaft mam Jessie.