Ech hun d’Cindy vir d’éischt am März 2018 kenne geléiert, wéi ech main zweet Kand erwaart hun. Ech haat schon beim éischten eng komplizéiert Schwangerschaft an dono zwou fausse couchen ier ech rem schwanger gi sin, sou dass ech net ganz entspaant an die zweet Schwangerschaft konnt erangoen.

Am Ufank war och alles gudd bis ech an der 20. Woch plötzlech stark Bluddungen kritt hun, an eng Zait am Spidol loung. No deene Bluddungen haat ech all Vertrauen a mai Kierper verluer an hun just nach an Angscht geliewt de Bébé ze verléiren.
Ech wollt awer net vir de Rescht vu menger Schwamngerschaft an stänneger Angscht liewen an hun dunn un ‘Hypnobirthing’ geduet an mech mol einfach beim Cindy gemellt.

Direkt am Ufank bei der éischter Setzung hun ech mech gudd opgehuewen gefillt an mech och gudd mam Cindy verstaanen. Hatt huet mir propséiert vir mat ‘wingwave’ ze schaffen vir meng Angscht an de Greff ze kreien. Ech muss zougin am Ufank war ech besi skeptesch an hun net richteg dorun gegleewt.
Mee schon no der éischter Setzung hun ech gespuert dass ech mech méi befreit an e bessen méi secher gespuert hun,
Lo wou ech mat bessen Oofstand op die ganz Schwangerschaft zreck kucken, kann ech secher soen dass die Setzungen beim Cindy mir enorm gehollef hun vir rem e bessen Vertrauen an mein Kierper zreck ze kreien.
Natiirlech konnt ech net komplett ouni Angscht duerch de Rescht vun der Schwangerschaft goen, mee duerch d’Cindy konnt ech vill besser mat menger Angscht emgoen an hu mech net vun de Gefiller matrappe geloos wéi soss emmer.

D’Cindy huet mech och doran bestärkt op main Bauchgefill ze lauschtren waat d’Accouchemet ubelaangt huet. An och an dem Beraich war et wichteg an wertvoll das ech beim Cindy war, well d’Entscheedung rem e Kaiserschnett ze maan definitif die Richteg war, well et bei engem normalen Accouchement hätt kéinten geféierlech gin.

Vir mech war die Zait beim Cindy enorm wertvoll an ech géif jidderengem, deen sou wéi ech eng belaaschtend Viirgeschicht huet, sech beim Cindy ze mellen.