Ech sin eischter zoufälleg beim Cindy geland, obwuel hat jo seet dass et keng Zoufäll ginn.
Ech hunn no engem Gesicht dee meng kierperlech Problemer geing leisen. An den Seancen ass mir bewosst ginn, wie eng Gefiller an Glawenssätz sech onbewosst bei mir ageschlach haaten. D’Cindy huet mir gehollef déi Saachen ze verschaffen an ze „raumen“.
Den HypnoBirthing huet mir spéider bei der Gebuert gehollef roueg ze bleiwen, och dun nach, wéi Komplikatiounen komm sinn mat denen mir natirlech net gerechend haaten.
D’Hypnose, déi ech firu kuerzem gemaach hunn, huet mir nachemol den Zesummenhang vun Emotiounen a Kierper gewisen. D’Biller déi ech virun An hat, hun mir gewisen waat ech brauch. Seit ech probeieren dem gerecht ze gin, geet et mir kierperlech bedeitend besser (an ech iessen vill manner Schokola 😉)

Merci Cindy, du hues mein Liewen verbessert an ech si gespant ob daat waat nach kënnt !