HypnoBalance Cindy Gouden Klientenstimmen HypnoBirthing Emma

Schwanger!! Youpie!!
Et ass eist eischt Kand sou dass mir keng Ahnung hunn wat op eis duer kennt, mee et gi jo genuch Cours’en ugebueden. Irgendwéi sprecht keen mech esou direkt un, mee mäi Mann well onbedengt een matmachen. Duerch Zoufall liesen ech dunn an der Zäitschreft „Eltern“ en Artikel iwert eng natiirlech Gebuert ouni Medikamenter an Schmerz. Si schreiwen dass déi Methode sech HypnoBirthing nennt an dass een dat an Coursen ouni Probleem léieren kann. Ech war direkt interesseiert mee hu geduecht dat get et hei zu Lëtzebuerg souwiesou net, mee do haat ech mech getäuscht. E puer Hierwannen aus der Stater Maternité haaten schon eng Formatioun matgemach an bidden HypnoBirthing Cours’en un. Net ganz belleg mee et ass all Euro wärt. Mäi Mann war am Ufank ganz schwéier vun deem Cours ze iwerzegen, mee no dem eischten Cours war hien begeeschtert. 4mol vir 3 Stonnen waren mir dunn, mat enger anerer Koppel, beim Cindy Gouden am Cours an hu geléiert wat et heescht e Kand mat HypnoBirthing op Welt ze brengen. HypnoBirthing ass eng Art Selbsthypnose déi engem et erméiglecht d’Gebuert total entspannt, an dofir och ouni vill Wéi, ze erliewen. De Cours erklärt awer och ganz genau wéi eng Gebuert oofleeft, sou dass een genau wees wat op een duer kennt an net iwerrascht get. No den Coursen hat ech d’Gefill dass mir top firbereed sinn an alles iwwert d’Gebuert wessen.
Den 25.12.11 sin ech moies um 9 erwächt (war ereischt um +-2 Auer an d’Bett) mat e bessen Bauch wéi, ech duecht ech hätt den Owend virdrun zevill giess an sin nach eng Kéier schlofen gang. Um 10 Auer sin ech dun erem erwächt an dun hun ech konnten erkennen dass dat „Wellen“ waren an net dem Iessen seng scholt. Ech hunn awer och gemierkt dass ech nach Zäit hätt ierte mier missten an Maternité fueren, an esou hun ech dunn gemittlech den Rescht Saachen a meng Valise gepaakt an ech sin nach Bidden gangen vir och secher ze sinn dass et net nemmen Übungswellen wieren. Dun um 12 Auer si mir an Stater Maternité gefuer. Ech hunn mech nach emmer gudd gespuert an sin och nach selwer bis op den eischten Stak bei Salle d’accouchement gangen. D‘Hiewann déi mech do empfangen an och ennersicht huet, huet du gesoot dass ech eng Öffnung vun 8 cm hätt an dass eis Kand geschwenn do wier. Mäi Mann huet eis HypnoBirthing CD ageluecht, dei mir dei ganzen Zait wärend der Gebuert gelauschtert hunn an no 2 an enger halwer Stonn war eis kleng Mäischen ouni Komplikatiounen a groussen Schmerz op der Welt. Dei entspaanent Musek dei een jo och schon wärend den HypnoBirthing Coursen kennen geleiert hat huet immens vill gehollef dass dei ganzen Zait eng immens entspaanent an roueg Atomosphär an der Salle d’accouchement war. Eisen Dokter deen dei Method kennt an voll ennerstezt huet war och ganz roueg an geloossen. Hien huet naischt forceiert an huet esou guer em Eralbniss gefrot fir iwwerhapt dierfen an d’Salle d’accouchement ze kommen. Dat Schwieregst un der ganzer Gebuert war deen entspaantenen Zoustand vun Doheem och an där friemer Atmosphär vun der Klinik bäizehaalen.

MERCI CINDY, MERCI HYPNOBIRTHING!!!
D’Gebuert vun eisem Meedchen war eng friddlech, positiv an wonnerschein Erfahrung, dei guer net matt dem ze verglaichen ass matt dem wat en sech ennert enger Gebuert virstellt, matt deenen Biller dei een vum Fernseh kennt.

Och eist Emma huet vun där Methode profitéiert, do sinn ech mir ganz secher. Hat ass en ganz ausgeglachent an zefriddent Kand, wat eis Welt mat vill Freed an Virwetz kenneléiert.

Audrey,Tom an Emma