Ech hu kee Cours am Hypnobirthing matgemaach, awer an deenen zwou Hypnosesëtzungen déi ech hat, konnt ech mir e puer weesentlech Methoden aprägen déi mech gutt op d’Gebuert vu mengem zweete Kand virbereed hunn. Ech konnt esou d’Rou an d’Vertraue fannen, dass et méiglech wär eng natirlech Gebuert vu mengem Kand ze erliewen.

Knapp zwou Stonnen no den éischte Kontraktiounen konnt ech mäi Këndchen am Aarm halen. Doduerch, dass ech keng PDA hat, hunn ech vill besser gespiert wat ech maache misst an ech hat och vill méi Kraaft. Mäi Puppelchen ass elo eng Woch al a ganz pflegeleicht. Meng Wonne si kleng a verheele gutt an ech fille mech schon erëm zimmlech fitt.

Anonym