HypnoBalance Cindy Gouden Klientenstimmen HypnoBirthing Jack

 

Mir haten eigentlech ni wëlles iergendee Gebuerts-Cours ze maachen. Ee Kolleg vu mengem Mann huet eis awer vun engem Cour am CHL gezielt wou de Mann och Kontakt mam Puppelchen am Bauch kritt. Bei der Sich op der Internetsäit vum CHL ass mir awer och HypnoBirthing opgefall. D’Beschreiwung an d’Feedback’s vun den Elteren hu mech direkt begeeschtert. Mäi Mann war och einfach vum Cour ze iwwerzeegen. Him huet de berouegenden Effekt vun enger Hypnose als Stressofbau op mech a mäi Kand gefall. Ech awer hat mir an de Kapp gesat fir mäi Puppelchen ouni PDA op d’Welt ze bréngen. Ganz nom Motto:“Et ginn souvill Fraen op der Welt déi hier Kanner ouni Medikamenter kréien an dat kann ech och!“ Den HypnoBirthing sollt mir dobäi hëllefen.
Ugemellt a scho souze mir zesumme mam Cindy an enger anere Koppel am Cour. No 4 Sëtzungen an all Dag Entspaanungsübungen doheem hu mir geléiert wéi a wou mir HypnoBirthing asetzen kënnen. Et ass op alle Fall eng super Berouegung, net nëmme virun a während der Gebuert. Och deem klengen Jack am Bauch huet et gefall. Hien huet all Kéier fierchterlech gestrampelt wann ech ugefangen hunn mech ze entspaanen. Wéi wann hien wéilt soen „Hey, wat gëtt dat lo sou roueg hei! Ech langweile mech“.
An der 34. Schwangerschaftswoch ass Owes um 7 Auer meng Fruchtblos ganz onerwaart geplatzt. Trotz liesen an dem Cour war ech erstaunt wéi vill Waasser do wierklech dran ass. Mä ech hat awer guer keng Wellen (Wéie) oder ech hu se net gespuert. Kuerz drop koum mäi Mann vun der Aarbecht a mir hu mol d’Wallisse misste paken, alles zesumme rafen a mir si nach séier an d’Dusch gaang. Nodréiglech fält eis op, datt mir deemools schonn an der eigentlech iwwerraschender Situatioun ganz roueg an entspaant bliwwe sinn.
Um 22 Auer si mir an der Maternité ukomm, wou ech dunn direkt vun der Hiewan ënnersicht gouf. Mäi Col war zu deem Moment schonn 1 cm op a ganz verstrach. Si huet decidéiert den Dokter ze ruffen. Wéi dësen an der Klinik ukoum sot hien hie géif léiwer waarden an dee Klengen nach 2 Wochen dobanne halen. Ech krut also e Medikament, fir datt keng Wellen solle kommen. Ab dësem Zäitpunkt hunn ech och net méi dierften opstoen an ech si mam Bett op en Zëmmer gefouert ginn. Mäi Mann ass sécherheetshalber d’Nuecht iwwer bei mir bliwwen. Kuerz drop hunn ech och scho gemierkt, datt ech ugefaang hunn nervös ze ginn a mäi ganze Kierper huet geziddert. Fir mech ze entspanen hunn ech probéiert meng HypnoBirthing CD ze lauschteren an domadder krut ech mech och rëm gefaangen. No knapp enger Stonn hunn ech trotz dem Medikament awer ugefaang Wellen ze kréien. Ech hunn et och net sou einfach fonnt fir relax an entspaant ze bleiwen wann d’Wellen kommen. An de Pause konnt ech HypnoBirthing awer uwenden an ech hunn et fäerdeg bruecht fir dertëscht richteg lues an déif ze otmen.
Nach eng Stonn méi spéit hunn ech dunn gemengt ech géng mol d’Infirmière vum Stack ruffen. Si hu mech direkt erëm mat mengem Bett an d’Salle d’accouchement gefouert. Mäi Col war zu deem Zäitpunkt schonn op 8 cm an d’Wellen sinn och ëmmer méi regelméisseg komm. Lo waren d’Wellen och duerchaus gutt auszehalen. No kuerzem Gewurschtels fir eng angenehm Positioun ze fannen an no enger Handvoll Presswellen, déi awer richteg ellen gedréckt an och trotzdem wéigedoen hunn ass mäi klenge Butzi dunn um 4 Auer gesond a monter op d’Welt komm. :))
Leider krute mir eise klengen Jack nëmme kuerz an d’Äerm geluecht. Well hien sech jo sou fréi op de Wee gemaach huet a nach zimlech kleng war, ass hien direkt an d’Kannerklinik bruecht ginn. ‚t ass natierlech bëssen traureg wann een sech sou beméit huet an dann huet ee just sou ee kuerze Moment zesummen. Mir kruten awer direkt eng Foto vun him aus der Kannerklink bruecht. Dat war ganz berouegend. Ech konnt hien och schonn Owes riwwer an d’Kannerklinik besiche goen, wou hien dono fir 3 Wochen super gutt a léif versuergt ginn ass.
Ech muss och nach soen, datt ech mech no de Strapazen vun der Gebuert zimlech fit gefillt hunn, obwuel ech leider vill Blutt verluer hat. Ech war net midd an och zimlech séier rëm op de Been. Dat hunn ech bestëmmt och dem HypnoBirthing ze verdanken :))
Ech si ganz frou doriwwer, datt ech zu kengem Zäitpunkt gefrot gi sinn op ech dann lo vill Wéi hätt oder ob ech da net awer eng PDA wéilt. Dat ass genau dat wat mech staark gemaach huet fir dat Ganzt auszehale. Ech hat natierlech och mäi gudde Mann dee mech tipptopp ënnerstëtzt huet.
Mir lauschteren och lo nach mam Jack zesummen d’HypnoBirthing CD fir ze relaxéieren. An deem Klengen gefält di Musek och ganz gutt. Dës Musek war nämlech och an der Kannerklinik en treien Begleeder, datt hien sech net ze vill eleng sollt fillen wann ech net konnt bei him sinn.
Mir soen op dësem Wee dann och nach eng Kéier en decke Merci un d’Patrice wat dem Jack op d’Welt gehollef huet an och natierlech dem Cindy wat moies fir eis do war.
Wann ech lo sou driwwer nodenken war et un sech eng schéi Gebuert an ech wëll den zukünftegen Mammen Courage maachen, fir datt och si hier Kanner ouni Angscht a Schmerzmëttel op d’Welt bréngen.

Dee klengen Jack a seng Elteren Véro a Flëpp