HypnoBalance Cindy Gouden Klientenstimmen HypnoBirthing Lis

Et war ons 3. Geburt. Haat vun HypnoBirthing an der Zeitung gelies, a vu dass déi 2 Geburten virdrun alles aanescht wéi harmonesch waren: 1. war e geplangten césarienne well den Bébé sech net gedréit haat. 2ten Bébé ass an der 42. SSW ageleed gin, Geburt war hefteg, haat während kenger Schwangerschaft Übungswéihen a war de Moment wou ageleed gouf esou iwerfuerdert mat dem „Wéih“ dass ech panikéiert sin, konnt iwerhaapt guer naischt mat Otmung an Entspaanen ufänken an hu komplett verkrampft, bis PDA war et fir mech onméiglech dobai „cool“ ze blaiwen, wou ech PDA haat konnt ech mol durchotmen an Geburt ass och virun gaang, gouf leider awer vu fir bis hannen gebitzt an den Remplaçant vu mengem Dokter huet dono net gesin dass do eng infektioun hanner der Wonn war, wat du opgefuer ass dohem, Konsequenz war dass ech nach eng kéier hospitaliséiert hu mussen gin, 2 mol nach gebitzt hu mussen gin a gaaaaanz laang kiné hu mussen maan bis erem alles an der Rai war.
Trotz allem hun mir ons fir en 3. Puppelchen entscheed, huet och direkt geklappt an ech hu mech du emkuckt wat ech kéint besser déi Kéier maan, de Choix war séier getraff Konzept vun HypnoBirthing haat mech iwerzeecht.

Hun Cindy kontaktéiert a scho waren mir ugemellt am Cour, hun flaisseg Buch gelies an d’Übungen doheem gemaat.

Du koum de groussen Daag, war scho rem puer Deeg iwer Termin a liicht entäuscht an bëssen Angscht dass erem ageleed géif gin, mee ech sollt mai Wonsch erföllt kréien, sin nuets um 3 Auer wackreg gin fir op Toilett, an em 5 schon erem, du erem… Du rem am Bett hun ech gemierkt dass Fruchtbloos geplatzt war et war alles zoppnaass. Hun du mai Mann wackreg gemaat, si mol duschen gaang a meng Mamm ugeruff fir déi aaner 2 Kanner sichen ze kommen. Mëttlerweil war et 7 auer an hu gemierkt dass vu Well zu Well et séier méi gin ass, geint hallwer 8 haat ech all 3-4 minuten Wellen, a well ech net wosst wéi mai Beckenbuedem no denen leschten Geburtsstrapazen géif haalen (wou grad mol gudd 1,5 Joar hier waren) sin mir dun an Clinique Bohler gefuer.

Do ukomm war ech scho frouh meng Hypno musek ze hun, Handy aus a mech voll op mai Kierper konzentréiert. Ech war happy an iwerzeecht de Col wier gudd op, haat e gudd Gefill. Du koum de Schock: 1cm Öffnung… E Koartenhaus ass a mir zesummen gefall, war iwer mech selwer roosen dass ech se ënnersichen gelooss hun, a war total entäuscht, hu mir Froen gestallt wéi et méiglech wier bai sou Wellen op 1 cm ze sin, kruut mech du awer ganz séier rem an Réalitéit zereck an hun décidéiert durchzehaalen an et ass mir och bis e Moment gelongen, Hierwam huet mech och mat Rou geloss a sou konnt ech entspaanen. Kurz virun 11 oder sou haat Panik mech du leider awer zereck, ech hun opgin a mir PDA gefroot. Hu mech gefillt wéi en Verräter mee konnt net aanescht. Den Anesthesist ass eng gefillten Éiwegkeet méi spéit du mol komm an huet mir de Kathäter gesaat. Du koum de Moment wou Hierwam mech wollt ënnersichen an ech sollt e Schlaach kréien de col war op 8-9 cm op… Kurz drop hun ech och den Drock gespuert an Geburt ass an hier leschten Ronn gaangen, den Dokter war mol nach net do wou Presswéihen agesaat haaten, ech haat mir e Spigel gefroot an ech kann nëmmen soen WOW!! Absolut Wahnsinn wéi e kann nokucken wéi de bébé sech op Welt mëscht. Et war sou relax an entspaanend alles, ech haat déi kéier keng 2 Hierwamen op mir laien fir Kand erauszequetschen et waren keng ventouse a keng forceps am Asatz. Lis ass einfach esou a meng Ärm „gerutscht“ ganz brav ouni Gejaitz hatt huet ons mat sengen groussen Guckelcher sou zefridden ugekuckt dass mir allen 3 direkt verkaaft waren vu Gléck. Ech war net gebitzt gin déi Kéier, Becken huet phantastesch gehaalen, Lis ass mega brav an entspaant an ech war direkt no der Geburt fit wéi wa naischt gewiecht wier. War bëssen entäuscht et dach net ganz ouni Sprëtz gepackt ze hun, mee lo ännert een daat och net méi, a soll e net mat dem zefridde sin wou een huet?!

Ech kann HypnoBirthing nëmmen recommandéieren, virun während an och no der Geburt. Et kann een et an 3 Wierder beschreiwen: JO ET GEET!

Vlait kann een op dësem Wee dann och aaner Kliniken an Hierwamen motivéieren sech un esou Methoden ze trauen ( ech haat an der Bohler Klinik accouchéiert an do huet keng Hierwam sech domat auskannt, wat schued war).

Mir sin jiddefalls dankbar fir déi super Ënnerstëtzung an dei phantastesch Erfahrung, an ech recommandéieren HypnoBirthing gären weider, ech sin mir haut sëcher dass ech genau durch déi Entspaanungstechnik mengem Kierper erméiglecht hun sou séier de Geburtskanal fir mai Puppelchen frai ze maan.
Merci Cindy! Du an deng Equipe maacht weider esou, Dir vermëttelt daat wou sou oft vergaess gëtt an onser Zait: sech selwer vertrauen a lass ze loossen vun Angscht an Drock. MERCI!!

Michèle, Gilles, Bob, Max a Lis