Fir eis 2. Gebuert hu mir eis fir Hypnobirthing entscheet. Et war eng ganz interessant an angenehm Erfarung. Mäin Mann huet sech op d’Sessioune gefreet, well mir ëmmer ganz entspaant erëm heemgefuer sinn. Hypnobirthing huet mir gewisen datt een säi Kierper beherrschen kann an d’Otemtechniken hu mir bei der Gebuert ganz vill gehollef. Et war ee ganz schéinen, entspaante Cours wou een sech vun der éischter bis zu leschter Minutt wuelgefillt huet.