Ech war an der Hypnose beim Cindy, well ech immens Angscht vierum Fleien hun. Wann dann fleien ech juste nach mat Berouegungstabletten annescht geet et leider net. Ech war eng Séance beim Cindy an ech muss soen ech dass ech immens skeptesch war vierum Resultat, mais hun et awer probeiert. Muss soen dass Séance ganz relax war an dass ech duerno doudmidd mais immens berouegt war.

Zwou Wochen drop sin ech an Vakanz geflun, an ech war erstaunt wei roueg ech um FINDEL soutz an op den Fliger gewaard hun. Dat war een immensen Problem dei Angscht vierun der Angscht dei ech net kontrolleieren konnt. Mais et war ganz annescht dei Keier, an ech war relax wei ech op mein Flug gewaard hun , an war positiv iwerrascht iwert den Effet vun der Hypnose.
Also un all dei Leit dei dat wellen maachen, zeckt net fier iech ze trauen !!!

Sacha