Wei dass ech mir eng natiirlech Gebuert gewenscht hun, huet main Fraendokter mech op HypnoBirthing opmierksam gemaach.
Ech hat schon Erfahrung mat Otemübungen zur Entspaanung an war doweinst (an sin et och nach emmer) iwwerzeecht dass HypnoBirthing hellefen kann fir eng schein Gebuert ouni Péng.

D’Kueren waren ganz flott an hellefreich. Mir kruten all neideg Informatiounen dei een brauch fir sech op eng Gebuert firzebereeden. D’Entspaanungsübungen hun menger Meenung no och ganz vill beigedroen fir eng flott Schwangerschaft ze hun, fir engem d’Ängschten ze huelen an mat enger extrem positiver Anstellung op deen speziellen Daag ze waarden.

Am Kuer kritt een en Bild wat dei perfekt Gebuertspositioun duerstellt. Wei dass d’Amelie zimlech speit nach mam Kapp no uewen loung, huet main Frend mir dat Bild iwwerall an der Wunneng opgehaang, ech hun dem Amelie och vun där Positioun gezielt, 2 Deeg drop beim Ultraschall war hatt richteg gedreit.

Well mir den Termin iwwerschratt haten an d’Plazenta um Ultraschall en bessen verkallekt war, huet d’Gebuert leider missten angeleed gin. Ech hun nach gehofft et geif virdrun vum selwen lass goen, mee leider ass naicht geschitt. Mir sin moies an d’Maternité gefuer, nodeems en Gel geluecht gin ass hun ech bal direkt d’Waasser verluer an d’Wellen hun ungefaang. Am Ufank hun ech se als guer net schlemm empfond, mee 1 Stonn duerno sin se sou hefteg komm an dat an engem Abstand vun emmer 2 Minuten, dass ech mech puer mol hun missen iwwergin. Ech krut mech och net mei op d’Otemübungen konzentreiert, sou dass d’Péng bei mir awer nawell zimlech hefteg waren an bis rof an d’Been gezun hun. Geint 12 huet d’Hiewamm den Col nach eng Keier kontrolleiert an huet gemengt en wier reicht bei 3 cm, et keint nach puer Stonnen daueren. Deen Moment hun ech geduecht ech geif et net mei packen bis zum Schluss an hun d’Hiewamm “gefrot” op ech net awer besser eng PDA soll froen. Doropshin krut ech proposeiert an d’Bidden ze goen (Merci Nadine!) wou ech mech bessen besser entspaant krut. An der Bidden krut ech mech och rem mei op d’Übungen konzentreiert, d’Péng waren zwar nach do bei all Well, mee dotescht war ech entspaant an momenterweis wei an “Trance”.

Op eemol ass alles ganz seier gang, ech hat iergendwann d’Gefill ech misst drecken, doropshin ass den Dokter geruf gin. Wei dass mein Kierper mir sot ze “drecken” hun ech net mei drun geduecht “erofzeotmen”… mee no 2-3 mol drecken konnt ech schon den Kapp voller Hoer mat menger Hand spieren. No nach 2-3 drecken war d’Amelie do an d’Hiewamm sot mer ech soll hatt aus dem Waasser bei mech huelen. Dun war et halwer 2! Am Ganzen huet also alles 5-6 Stonnen gedauert. D’”Erofdrecken” huet bei mir iwwerhaapt net wei gedoen an ech sin iwwerzeecht dass den Gebuertskanal dank HypnoBirthing sou gudd virbereed war. Ech hat och keen Dammriss an hun nemmen een ganz klengen Rass mei uewen gehat, peanuts ;). (An der Noennersichung war main Fraendokter erstaunt doriwwer wei gudd alles verheelt war.)

Leider ass d’Plazenta dun net vum selwen rauskomm an ech hun missen eng Rachi-anästhesie kreien fir dass sie dat konnten raushuelen. D’Amelie war all Moment bei eis, mir kruten hatt keng eng Sekonn weggeholl wou mir hatt net konnten gesin. Ech war net erschöpft no der Gebuert, mee ech hun mech ganz gudd gefillt, frou an stolz.

Trotz der Anleedung, wat un sech nemmen den Gel war, an trotz der klenger Operatioun herno, war et fir mech dei perfekten Gebuert. Dat Gefill sein Puppelchen no der Gebuert bei sech ze huelen ass onbeschreiwlech schéin. Ech hat och keng postnatal Depressioun an ech geif soen dass d’Amelie en ganz friddlechen an ausgeglachenen Puppelchen ass. Hatt laacht ganz vill an kreicht nemmen wann hatt Honger huet oder doudmidd ass. Bal vun Ufank un huet hatt 5 Stonnen an der Nuecht geschlof an seit mir Mellech “beifidderen” schleift hatt all Nuecht em dei 10 Stonnen an sengem Bettchen an erwäscht moies gudd gelaunt ☺

Dat eenzegt wat ech am Nachhinein geif änneren: Ech geif mir eppes geint d’Verstopfung no der Gebuert froen, egal wei!!! 😉
Ech wenschen all zukünfteg Mammen dass se sou een flott Erliewnis hun bei der Gebuert wei mir dat haten an sin iwwerzeecht dass HypnoBirthing dozou beigedroen huet.
Mir soen och dem Cindy merci fir dei flott Kueren an seng Ennerstetzung, dem Nadine an dem Magali dei eis sou gudd bei der Gebuert an duerno betreit hun an dem Dr. Borhoven deen eis um Wee vun der Schwangerschaft begleet huet. Dir sidd wierklech eng super Equipe!

Ronny, Christine an Amelie