Durch en flotten Zoufall hun ech d’Cindy an der Salle d’accouchement kennengeleiert 🙂 durch HypnoBirthing an mengen Lieblings Hierwamen zu deenens Du Cindy geheiers haaten mer eng wonnerschein Gebuert an ech war och duerno direkt erem a Form an hun mech ganz gudd gefillt. Giff emmer erem HypnoBirthing man!!

An dain HypnoBalance Raich ze kommen weinst menger Fluganscht war fir mech dei beschten Entscheedung. Hun mech vun Ufang un ganz wuel gefillt an dir ze Vertrauen war och seier geschitt. Dain Wessen an deng Erfahrung huet eis bei all Seance weider gehollef an ech hun gemierkt datt mer um richtegen Wee waren. Hun gemierkt datts du daat net nemmen mess well et deng “Arbecht” ass, mee wells de dovuner Iwerzeecht bass.
Hypnotiseiert ze gin an ze sin huet sech einfach gudd an entspaant ugefillt, ass ze verglaichen mat engem deiwen Entspaanungs Zoustand wou een alles matkritt an bewosst erlierwt an naicht mecht waat een net well. Ass net mam Fernseh ze verglaichen.
Lo missten mer nach just eng Leisung fannen fir all dei Reesen ze finanzeiern well mer fleien lo richteg Spass mecht 🙂

Merci fir alles Cindy!

Vanessa

Alle Erfahrungen