De Sam huet sech de 26.8.2014 mat 3050gr an 49,5cm op seng Entdeckungsrees op dës Welt gemaach.
D’Gebuert war gudd an och net zelaang (ass mär op mannst net esou virkomm.) 11Stonnen nodeems ech d’Waasser veluer hat war hien do, respektiv 8 Stonnen nodeems ech déi 1. Well hat.
Et ass zimlech séier virun gaangen. Bis 2 Stonnen éier hien komm ass, sinn ech mat dem HypnoBirthing gudd eenz ginn. Mä op emol ass e awer net méi gaangen an ech hunn du eng peridural ambulatoire gefrot. Dono ass et erem besser gaangen. Et war mär wéi wann ech eng Etappe an de Wellen iwwersprongen hätt (vun all 30 Minuten eng Well während c.a 2h30 op all 5 Minuten während c.a 1h00 an dono dann dotëschent nach eng manner staark).

Alles an allem sinn ech awer zefridden esou wéi et gaangen ass. Ausser d’Middegkeet an nach Problemer beim goen déi 1. Deeg ass et mär direkt zimlech gudd gaangen an ech hunn vun deem Babyblues och näicht gespuert. Et ass mär deen 3. Dag super gaangen. D’Bild a mengem Zemmer hung awer kromm 😉 an dat wierklech. Ech mengen dat ass express gemaach fir datt d’Hiewammen eppes ze erzielen hunn an hieren Couren 😉

Ech well nach eng Kéier Merci soen fir deen flotten Kuer deen mär bei där konnten erliewen. Mär huet de Kuer net nëmmen fir d’Gebuert vill bruecht (och wann ech en net di ganzen Zäit uwenden konnt, en huet mär awer erméigelecht kloer décisiounnen ze treffen an dobäi roueg zebleiwen.) mä och schons déi Zäit virdrun. Ech war zimlech geloossen, entspaant a mengem Congé de maternité (obwuel vill Leit ronderem mech opgedréint waren an et net erwaarden konnten)
Vilmols merci an ech hoffen datt nach vill zukünftesch Elteren an de Genoss vum HypnoBirthing komme wärten.

Léif Gréiss