HypnoBirthing huet eis gehollef eis besser op d’Gebuert vum Mia virzebereeden. No villen Horrorgeschichten déi een vun alle Säiten verzielt kritt wann een fir d’éischt Kéier schwanger ass, kritt een am Cours d’Angscht geholl an Methoden gewisen wéi een sech doheem kann entspanen. Verschidden Übungen maachen ech och haut nach fir no engem stressegen Dag ze relaxéieren.
Och wann d’Gebuert net schmäerzfräi war, war et fir mech en immens schéint Erliefnes. Besonnesch an der éischter Phase vun der Gebuert konnt ech déi geléiert Techniken gudd ëmsetzen an hunn mech driwwer gefreet dass mäin Mann mech dobäi ënnerstëtze konnt. D’Mia ass op eng natierlech Aart a Weis op d’Welt komm an mir kréien ëmmer erëm gesot dass hat en immens rouegt a gedëllegt Kand ass.

Mia, Diane an Paul