HypnoBalance Cindy-Gouden-Klientenstimmen HypnoBirthing Nahla

Nahla 23.01.13
Et war eis zweet Gebuert an schonn beim éischten Kand hat ech vun HypnoBirthing héieren. Well et awer dunn schonn relativ spéit an der Schwangerschaft war an mir schonn ee Gebuertsvirbereedungscour matgemaach haten, hunn mer et dunn si gelooss. Keng gutt Entscheedung. Déi éischt Gebuert war chaotesch an net sou wéi mer eis dat virgestallt hunn. Fir déi zweet Gebuert hu mer dunn bewosst eng aner Klinik gewielt an dunn och den Dokter gewiesselt.Wéi et bis offiziell war mat der Schwangerschaft, hunn ech mech mam Cindy a Verbindung gesat fir den Cour dann elo mat ze maachen. Ech war begeeschtert vun der Philosophie an ech hunn d’Übungen gutt ëmgesat kritt. Et ass zwar méi Virbereedung wéi bei enger Nët-HypnoBirthing-Gebuert, mä et lount sech op alle Fall.
D’Cindy huet mer nach zousätzlech eng Hypnose gemaach zwee Deeg virun der Gebuert. Ech mengen ganz d’Akupunktur hat och sain Deel dozou bäigedroen.
Wéi d’Wellen dunn ugefang hunn, krut ech se gutt geréiert an och dee ganzen Verlaf duerch hunn ech vun den Übungen profitéiert. Ouni den HypnoBirthing hätt ech wahrscheinlech rëm op eng PDA zréckgegraff, mä sou hunn ech et gepackt, och wann et wéigedoen huet. Ech war stolz op mech an op eist Klengt opwuel et am ganzen 17 Stonnen gedauert huet bis hat do war. Hat huet dat super gemach an war direkt no der Gebuert roueg an friddlech. Och haut ass et eng léift an ausgeglachen Maus, dat wéineg kräischt.
D’Nahla war eng spontan Wassergebuert an et war schéin dat konnten mat z’erliewen. D’Cindy huet duerch seng Aart a Weis dat ganzt Gebuertserliewnis zu engem rouegen an schéinen Moment gemaach an eis während der Gebuert gutt ënnerstëtzt.
Mir sinn dankbar dass hat do war an eis gehollef huet.
Verschidden Stonnen während der Gebuert vergësst een, mä d’Hiewan déi dobäi war, vergësst een ni !
Merci Cindy
Nahla, Mich a Stui