HypnoBalance Cindy Gouden Klientenstimmen HypnoBirthing Timo

Vun HypnoBirthing hun ech déi 1. Kéier vun menger aaler Schoulfrendin Cindy héiren. Hat ass Hiewann, huet déi Formatioun gemet an mir an e puer Frendinnen dovun erzielt. Ech hun déi Idee super fonnt an eent stung fir mech direkt fest: Wann ech mol e Kand kréien, dann well ech déi Hypno-Cours’en matman an och ‚just‘ Wellen kréien. Well éierlech gesot hat ech Angscht virun der Gebuert. Meng Gedanken waren: Wéi soll e Kand vun 3-4 kg do erauskommen?

Am September 2012 war et souwäit – mir waren schwanger 🙂 Natiirlech hun ech mech relativ séier beim Cindy gemellt fir den HypnoBirthing-Cours. Ech hun ganz fläisseg am Buch geliess an Hypno-CD gelauschtert. Am Januar haten mer dunn den 1. Cours an mäin Mann huet matgemet, wann och net ganz iwerzeecht. Mä wéi hien gemierkt huet wéi entspaant ech an der Schwangerschaft war an Richtung Gebuert gaang sin, huet hien mech dobäi enerstetzt an ass och méi locker gin. Well fir hien war et och eng ganz nei Erfahrung an en hat seng Bedenken wat Gebuert ubelaangt.

Den 10. Mee, entre-temps war mäin Bouf 6 Deg iwert dem Termin, hun ech den Dag iwer sou eng Art Säitenstiechen gespuert, mol méi mol manner awer ech hun näischt drop gin. Owes um 9 Auer, mäin Mann ass op Nuetsschicht gefuer, hat ech dunn awer en anstännegen Stach. Ech hun awer nach bis 12 Auer Fernseh gekuckt an sin dunn mol am Bidden gaangen fir ze kucken op déi ‚Wellen‘ dann lo déi richteg wieren. Se sin +/- all 10 Minuten komm an hun bis 45 Sekonnen gedauert. Well ech mer awer nach net secher war op et lo ging lass goen, hun ech dem Cindy ugeruff an nogefrot. Vu que dass ech eleng war an hatt net wäit eweg wunnt huet Cindy mer proposéiert fir bis bei mech ze kommen. Mengem Mann hun ech dunn och Besched gesot hien soll säin Remplaçant mol ruffen!

Cindy war dunn géint 1 Auer bei mir an huet mech enersicht, de Col war op 1 cm. Déi next Zäit hun ech probéiert meng Wellen sou gudd et gaang ass eweg ze ootmen, wat och geklappt huet. Géint halwer 4, de Col war lo op 4 cm, hun mer eis dunn op de Wee fir an d’Stat gemet. Am Auto hat ech Kopfhörer mat menger Hypnomusek an Text, sou dass ech d’Fahrt gudd erdroen hun. Mir sin direkt an Salle d’accouchement gaangen, wou ech meng CD weidergelauschtert hun an meng Emwelt quasi ganz konnt ausblenden. Dass niewendrun am Sall eng Fra gejaut huet, hun ech zwar héiren, awer ech war ganz op mech an mäin Puppelchen konzentréiert. Ech hun mech intuitiv gedréint an gekéiert fir dass mäin Klengen sech op de Wee no enen konnt man. Zäit ass vergaang, an am nachhinein wann een zeréckdenkt, ass dat ronderem sou laanscht een gelaf. Um 6 Auer war mäin Col schon op 8 cm! Cindy huet mer och nach d’Bidden voll laafen gelooss well ech welles hat eng Waassergebuert ze hun, mä ech sin net méi bis dohinner komm.

Well meng Fruchtblos net vum selwen opgefuer ass, huet Cindy mer se géint halwer 7 opgepickt an gefillten 5 Presswéien méi spéit war eisen Timo do. Den Dokter war grad mol 10 Minuten do, dunn war alles un an aus! Ech hun eisen klengen Bouf direkt op de Bauch geluecht kritt an hien huet och prompt ugefaang mat drenken. Hien an ech waren top fit an konnten schon no 3 Deg heem goen, vun Babyblues keng Spuer.

Dank HypnoBirthing hat ech eng Schwangerschaft an Gebuert wéi am Billerbuch, well ech all meng Bedenken iwer Bord gehäit hun an einfach positiv un déi ganz Saach erun gaangen sin. Firwat sollt et och net klappen? Zenter Jordausenden kréien Fraen Kanner, mir sin dofir gemet. Ech fannen et e bessen schued dass Fraen sech géigensäiteg Angscht man an sech hier ‚Horrorgeschichten‘ vun der Gebuert erzielen. Mir sollten eis Mut man an erzielen wat ‚e Kand-Kréien‘ dach eigentlech fir e Wonner ass an mer dankbar sin wann een dat kann erliewen! Dofir kann ech just jiderengem HypnoBirthing empfehlen, well et ännert engem seng Siicht zur Gebuert, par rapport wat een emer sou héiert an erzielt kritt. Och lo benotzen ech nach déi Method fir mech am Alldag ze entspaanen an roueg ze bleiwen. Net nemmen ech hun vun HypnoBirthing profitéiert, mä och eisen klengen Jong. Kollegen hun des Lescht gemengt mir hätten en ganz ausgeglachenen Puppelchen. An effektiv huet eisen Timo vill Gedold mat sengen Elteren 😉

Dem Cindy soen mer op desem Wee nach eng Kéier villmools Merci fir seng gudd Aarbecht an maach esou weider.

Timo, Kora & Jem