Zweemol hun ech mech bis elo hypnotiséiren geloos, an daat fir 2 verschidden « Problematiken » ;
An zweemol huet et mer gehollef.

Wéi ech mech déi éischte Kéier mam Cindy getraff hun, woust ech net sou genau, waat géif op mech duerkommen, mä ech war oppen fir ze probéiren an hun gehofft, daß d’Hypnose mer eppes géif brengen an hellefen. Et war zweemol eng speziell Experienz, déi zweet Kéier méi intensiv wéi déi éischte Kéier, sie war souguer ganz intensiv, obwuel ech mech déi zweemol phaseweis gefroot hun, op ech iwerhaupt « fort » waer. Ech kruut nämlech alles mat waat passéiert ass, wéi ech mech gefillt hun, de ganzen Dialog kruut ech bewosst mat an sou ass och secher, daß näischt geschitt waat een net well.

Et ass net sou, daß no der Hypnose alles komplett geännert war, waat ech änneren wollt, awer Villes! Ech mengen, daß nemmen den eegenen Wellen zesummen mat der Hypnose kann Saachen/Verhaalen/Problematiken veränneren, awer duerch d’Hypnose get et vill méi einfach andeems een un déi Saachen, déi beschwaat gi sin, denkt, respektiv déi kleng « Trick’en » uwendt, déi een während der Hypnose gesoot kritt.

Ech géif mech jidderzäit rem vum Cindy hypnotiséiren loossen !
Merci Cindy !